Commentaire vum Pierre Jans: Mir an den Handy: eng toxesch Bezéiung
0
An der Chamber gouf en Dënschdeg op Demande vun déi Gréng iwwer den Handyverbuet an de Schoulen debattéiert.
Kuerz virun der Rentrée hat den Educatiounsminister Claude Meisch jo annoncéiert, dass de Smartphone vun Ouschteren d’nächst Joer un an alle Grondschoule verbueden ass. Am Lycée muss wärend de Coursen eng physesch Distanz tëscht dem Smartphone an dem Schüler garantéiert ginn.
E richtege Schratt fir géint den exzessive Gebrauch vum Handy virzegoen, fënnt de Pierre Jans, dee sech awer freet, ob d‘Regierung net nach misst méi wäit goen.