Wéi kennen mir zu Lëtzebuerg eisen dach héije Liewensstandard behalen, wann international gesi villes drënner an driwwer geet ? D’Äntwert läit an der Reform- an Upassungsfäegkeet vun der Bevëlkerung an der Entscheedungskraaft vun der Regierung, seet de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.