Lëtzebuerger Futtballer am Ausland: Chris Philipps wënnt mat Warschau
De Lëtzebuerger gouf an der 81. Minutt agewiesselt an ass mat Legia Warschau 2. an der Tabell.
De Lëtzebuerger gouf an der 81. Minutt agewiesselt an ass mat Legia Warschau 2. an der Tabell.
Dem Jeff Saibene seng Arminia verléiert 0:1 géint Duisburg.
D'Ekipp vum Lëtzebuerger Trainer huet domadder den 8. Match hannertenee net gewonnen a läit elo op der Plaz 14 vun der Tabelle aus der 2. Bundesliga.
Greuther Furth wënnt iwwerdeems 3:2 géint Magdeburg. An der éischter Bundesliga hunn Leverkusen a Stuttgart gespillt, a Frankräich Lyon a St. Etienne.
E Sonndeg ass de Cyclocross zu Zéisseng. Bei den Dammen ass d'Christine Majerus um Depart.
Dëse Weekend soll d'Verflichtung vum Spuenier Paco Alcacer offiziell iwwert d'Bühn goen. Hie soll de Kontrakt bis 2023 schonn ënnerschriwwen hunn.
De Stiermer vum FC Liverpool, Sadio Mané huet säi Kontrakt, deen u sech nach bis 2021 gelaf wier, fréizäiteg verlängert.
1 Woch virum Optakt vum Weltcup huet d'Federatioun bekannt ginn, dass 9 Biathleten aus dem Kasachstan wéinst Verdacht op Dopping virleefeg gespaart goufen.