Internationale Futtball: Tottenham deklasséiert Manchester United, Aston Villa iwwerrennt Liverpool
Bayern München ka sech a leschter Sekonn 3 Punkte géint Hertha BSC sécheren.
Bayern München ka sech a leschter Sekonn 3 Punkte géint Hertha BSC sécheren.
Wat d’Hierschtwieder méi naass a kal gëtt, wat d’Geschäft an den Indoor-Spillhale besser leeft. Normalerweis, ma d'Zäiten hu bekanntlech geännert.
Hei geet et ëm erneierbar Energien. Dës Techniker-Formatioun riicht sech un all jonk Leit, déi sech spezialiséiere wëllen.
Nächste Samschdeg huet d'Asbl vum Mieterschutz op eng Manifestatioun an der Stad geruff.
Stroosse klappt d'Etzella, de Racing gewënnt géint iwwerfuerdert Hueschterter mat 5:0 a Rodange gewënnt doheem mat 2:1 géint d'Jeunesse.
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een elo op 126 eropgaangen ass.
Am Alter vun 81 Joer ass de japanesche Moudendesigner, deen als "Kenzo" weltwäit bekannt war, e Sonndeg gestuerwen. Dat huet e Spriecher matgedeelt.
De Nationalspiller huet direkt an der 2. Minutt fir seng Faarwe konnte markéieren. De Vincent Thill stoung beim 0:0 vu Funchal vun Ufank un um Terrain.
Et war den zweete Referendum an där Saach an de leschte Joren. Bei der leschte Kéier am November 2018 ware 56% dofir, fir Deel vu Frankräich ze bleiwen.
A Belarus sinn e Sonndeg nees zéngdausende Mënschen op der Strooss gaangen, fir géint den autoritäre Staatschef Alexander Lukaschenko ze demonstréieren.
De Krich tëschent Armenien an dem Aserbaidschan ëm déi selwer-ernannte Republik Nagorno-Karabach spëtzt sech weider zou.
Léck-Baaschtnech-Léck live dëse Sonndeg um 1.RTL. Mir iwwerdroen de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg op RTL.lu an op der App.
Eng spektakulär Course-poursuite gouf et e Samschdeg de Mëtteg am Süde vum Land tëscht zwee Motocyclisten an der Police.
Dauerreen, Iwwerschwemmungen, Bullislawinen: Bei Wiederen an Norditalien a Südfrankräich sinn zwou Persoune gestuerwen. De Schued ass grouss.
An der Damme-Course vum Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck huet sech d'Brittin virum Grace Brown an dem Ellen van Dijk duerchgesat.
E Sonndeg de Moien ass um Sachsenring déi 3. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer ginn.
E Samschdeg den Owend huet fir den Tornado Lëtzebuerg déi nei Saison an der 3. franséischer Liga ugefaangen.
Déi Lëtzebuerger Dammen-Handballnationalekipp preparéiert sech op de WM-Qualifikatiounstournoi, deen Ufank Dezember zu Lëtzebuerg gespillt gëtt.
Dem Donald Trump seng Ekipp hat e Samschdeg zouginn, datt dem President säi Gesondheetszoustand ee Moment net sou gutt war, wéi no baussen duergestallt.
De Ministerpresident Babis war virun de Wale wéinst senger Gestioun vun der Corona-Kris an d'Kritik geroden.
Op der Areler Autobunn a Richtung Stad koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem déidleche Verkéiersaccident, dat mellt d'Police.